- WC19 – Suez Canal – Egypte
- WC19 – Aqaba – Jordan
- WC19 – Muscat – Oman
- WC19 – Khasab – Oman🐬
- WC19 – Abu Dhabi – UAE
- WC19 – Dubai – United Arabe Emirates (UAE)
- WC19 – Male – Maldives 🏖
- WC19 – Columbo – Sri Lanka
- WC19 – Alldag un Bord 🚢
- WC19 – Port Klang – Malaysia
- WC19 – Singapore
- WC19 – Fremantle + Perth – Australia
- WC19 – Melbourne – Australia
- WC19 – Sydney – Australia
- WC19 – Auckland – New Zealand
- WC19 – Bay of Islands – New Zealand
- WC19 – Lautoka ⛱ – Fiji
- WC19 – Suva – Fiji
- WC19 – Nuku’alofa – Tonga
- WC19 – Apia – Samoa
- WC19 – Datumsgrenz 🕐 oder wou ass dann den 3 Mäerz bliwwen ?
- WC19 – Pago Pago – American Samoa
- WC19 – Bora-Bora 🦈
- WC19 – Moorea 🐠🐚
- WC19 – Papeete – Tahiti
- WC19 – Los Angeles – USA
- WC19 – San Diego – USA
- WC19 – Cabo San Lucas-Mexico🐳🐳
- WC19 – Puerto Vallarta – Mexico
- WC19 – Puerto Quetzal / Guatemala
- WC19 – Corinto /Nicaragua
- WC19 -Puntarenas / Costa Rica💗
- WC19 – Panamakanal – Panama
- WC19 – Cartagena – Columbia
- WC19 – Santa Marta – Columbia
- WC19 – Oranjestad – Aruba
- WC19 – Willemstad – Curaçao
- WC19 – Old San Juan 💕 – Puerto Rico
- WC19 – Charlotte-Amélie – Saint Thomas
- WC19 – Philipsburg – Sint Maarten
- WC19 – Iwert den Atlantik an 5 Deeg
- WC19 – Funchal
- WC19 – Malaga
- WC19 – Barcelona
- WC19 – Marseille
- WC19 – Départ Génua
18.04.2019 – 33°C 🌞 😅
Khasab ass eng Enclave vum Oman matten an den Arabeschen Emiraten. Et ass eng wichteg strategesch Platz well et direkt un der Strooss vun Hormuz läit- enger Mierengt tëschen der arabescher Hallefinsel an dem Iran.
Déi ganz Spëtzt ass immens zerrappt an voller “Fjorden” mat héijen Bierger déi bis un d’Mier erof ginn an klengen Dierfer déi nëmmen en Zougang iwwert d’Mier hunn. Et ass eng ganz speziell Landschaft mat Steewüst an déif bloem Waasser.
Mir hunn fir haut en Ausfluch mat enger traditioneller Dhouw geplangt – mat Schwammen, Schnorchelen, vill Sonn an ganz villen Quallen. Mir gesinn kleng Haien an beim Schnorchelen kennen mer en intakt Korallenfeld bewonneren- dat éischt ob dëser ganzer Rees.
D’Géigend ass och bekannt fir seng Delfinen an déi ganz Ausfluchsbooter probéieren natierlech den Touristen eppes ze bidden. Se wëssen genau wou se ze fannen sinn an harceléieren se zimlech fir dat se sech weisen kommen an mat den Schëffer matschwammen. Nodeems mir ob dëser Rees schonns oft Delfinen am fräie Mier gesinn hunn déi fräi jo’en , spillen an sprange kennen mir dës Aart an Weis net méi genéissen – ma mir sinn och elo immens verwinnt!
Doduerch dat d’Grenz mam Iran nëmmen 50 km ewech ass huet sech hei en reegen Schmuggel etabléiert. Moies wou mer uleeën kommen masseg kleng Schnellbooter un, voll gelueden mat Schof, Geessen, Fësch- an Zigaretten.
Owes wou mer ofleeën fueren déi selwecht Booter an Richtung Iran – gelueden mat Elektronik, Uebst an Geméis- all déi Produkter déi duerch den Embargo net offiziell däerfen an den Iran verkaaft ginn. Dat ganzt ass ganz ëffentlech an Polizei an Arméi toleréieren et an patrulléieren esou guer duerch den Hafen.
Et mussen awer och nach aner Saachen ob den Schëffer transportéiert ginn, well owes wou mer fortfueren gesinn mer wéi een Schnellboot en Déel vun senger Luedung an d’Mier gehäit wou et en Polizeiboot erbléckt – wat eist Schëff begleet bei der Ausfaart.
Next Etapp: Muscat – Oman
Distanz Khasab – Muscat : 406 Séimeilen