- WC19 – Suez Canal – Egypte
- WC19 – Aqaba – Jordan
- WC19 – Muscat – Oman
- WC19 – Khasab – Oman🐬
- WC19 – Abu Dhabi – UAE
- WC19 – Dubai – United Arabe Emirates (UAE)
- WC19 – Male – Maldives 🏖
- WC19 – Columbo – Sri Lanka
- WC19 – Alldag un Bord 🚢
- WC19 – Port Klang – Malaysia
- WC19 – Singapore
- WC19 – Fremantle + Perth – Australia
- WC19 – Melbourne – Australia
- WC19 – Sydney – Australia
- WC19 – Auckland – New Zealand
- WC19 – Bay of Islands – New Zealand
- WC19 – Lautoka ⛱ – Fiji
- WC19 – Suva – Fiji
- WC19 – Nuku’alofa – Tonga
- WC19 – Apia – Samoa
- WC19 – Datumsgrenz 🕐 oder wou ass dann den 3 Mäerz bliwwen ?
- WC19 – Pago Pago – American Samoa
- WC19 – Bora-Bora 🦈
- WC19 – Moorea 🐠🐚
- WC19 – Papeete – Tahiti
- WC19 – Los Angeles – USA
- WC19 – San Diego – USA
- WC19 – Cabo San Lucas-Mexico🐳🐳
- WC19 – Puerto Vallarta – Mexico
- WC19 – Puerto Quetzal / Guatemala
- WC19 – Corinto /Nicaragua
- WC19 -Puntarenas / Costa Rica💗
- WC19 – Panamakanal – Panama
- WC19 – Cartagena – Columbia
- WC19 – Santa Marta – Columbia
- WC19 – Oranjestad – Aruba
- WC19 – Willemstad – Curaçao
- WC19 – Old San Juan 💕 – Puerto Rico
- WC19 – Charlotte-Amélie – Saint Thomas
- WC19 – Philipsburg – Sint Maarten
- WC19 – Iwert den Atlantik an 5 Deeg
- WC19 – Funchal
- WC19 – Malaga
- WC19 – Barcelona
- WC19 – Marseille
- WC19 – Départ Génua
13 – 14.03.2019 – 25°C ⛅
Auckland ass déi gréissten Stad ob der Nordinsel an dat gréissten Ballungsgebitt an Neiséiland mat 1,7 Mio Awunner. Duerch seng aussergewéinlech Lag um Mier ass et och déi Stad déi méi Booter huet wei Awunner.
Den Skytower ass den héchsten Tuerm ob der südlecher Äerdkugel mat net emol 328m . A well et jo Neiséiland ass kann een och baussen um Tower ronderëm klammen, respektive erofsprangen . D’Vue ob déi verschidden Buchten rondrëm ass natierlech fantastesch an bei klorem Wieder kann een bis zu 80 km wäit gesinn.
D’Architektur vun der Stad ass en mix aus alen viktorianeschen Haiser an Gebaier an modernen Héichhaiser.
Am Auckland War Memorial Musee kucken mir eng Ausstellung iwwert d’Pazifesch Vëlker an hier Kulturen, en interessanten Ofschloss fir den Pazifeschen Deel vun eiser Rees.
Den Musée huet awer och nach eng Etage Naturhistoreschen Musée an eng Etage iwwert d’Roll vun Neiséiland an Australien an den Weltkricher. En ass absolut en Must wann een zu Auckland ass.
Am Auckland Park ginn mer dann och den Botaneschen Gaart kucken deen mat engem schéinen Farnbesch – de Farn ass jo d’Emblème vun Neiséiland.
An well mer jo 2 Deeg zu Auckland sinn kennen mer dann och owes nach en bëssi duerch d’Stad zeien.
Den 2. Dag huelen mer d’Fär fir ob Devonport – eng kleng Vakanzekolonie mat schéinen Viktorianeschen Haiser agebett tëschen 3 Vulkankrater.
Mir klammen ob den Mount Victoria erop vun wou een eng schéin Vue ob d’City vun Auckland huet.
Next Etapp: Sydney – Australia
Distanz Auckland – Sydney: 1305 Seiméilen – 3 Séideeg