- WC19 – Suez Canal – Egypte
- WC19 – Aqaba – Jordan
- WC19 – Muscat – Oman
- WC19 – Khasab – OmanđŹ
- WC19 – Abu Dhabi – UAE
- WC19 – Dubai – United Arabe Emirates (UAE)
- WC19 – Male – Maldives đ
- WC19 – Columbo – Sri Lanka
- WC19 – Alldag un Bord đą
- WC19 – Port Klang – Malaysia
- WC19 – Singapore
- WC19 – Fremantle + Perth – Australia
- WC19 – Melbourne – Australia
- WC19 – Sydney – Australia
- WC19 – Auckland – New Zealand
- WC19 – Bay of Islands – New Zealand
- WC19 – Lautoka â± – Fiji
- WC19 – Suva – Fiji
- WC19 – Nuku’alofa – Tonga
- WC19 – Apia – Samoa
- WC19 – Datumsgrenz đ oder wou ass dann den 3 MĂ€erz bliwwen ?
- WC19 – Pago Pago – American Samoa
- WC19 – Bora-Bora đŠ
- WC19 – Moorea đ đ
- WC19 – Papeete – Tahiti
- WC19 – Los Angeles – USA
- WC19 – San Diego – USA
- WC19 – Cabo San Lucas-Mexicođłđł
- WC19 – Puerto Vallarta – Mexico
- WC19 – Puerto Quetzal / Guatemala
- WC19 – Corinto /Nicaragua
- WC19 -Puntarenas / Costa Ricađ
- WC19 – Panamakanal – Panama
- WC19 – Cartagena – Columbia
- WC19 – Santa Marta – Columbia
- WC19 – Oranjestad – Aruba
- WC19 – Willemstad – Curaçao
- WC19 – Old San Juan đ – Puerto Rico
- WC19 – Charlotte-AmĂ©lie – Saint Thomas
- WC19 – Philipsburg – Sint Maarten
- WC19 – Iwert den Atlantik an 5 Deeg
- WC19 – Funchal
- WC19 – Malaga
- WC19 – Barcelona
- WC19 – Marseille
- WC19 – DĂ©part GĂ©nua
25.04.2019 – 29°C đ
Mir leen zu Aqaba um Enn vum Rouden Mier un. Vum SchĂ«ff gesinn mer d’Grenz tĂ«schen Jordanien an Israel an d’Grenz tĂ«schent Israel an Egypten.
Mir fueren 2 Stonnen mam Bus op Petra wat 90 Km vun Aqaba ewech lĂ€it. Jordanien besteet zu 65% aus WĂŒste an esou gesĂ€it d’Landschaft och aus.
Petra lĂ€it am SĂŒden vun Jordanien an ass dĂ©i grĂ©issten Touristenattraktioun vum Land. Et ass eng Hielenstad (citĂ© troglodytique) vun den NabatĂ«er an hat sĂ€in HĂ©ichpunkt 300 Joer virun bis 300 Joer no Christus Gebuert. Et war eng Handelsstad dĂ©i strategesch gĂ«nschteg tĂ«schent dem Orient, Egypten, Syrien an dem MĂ«ttelmier louch an en Haaptemschlagplatz fir Gewierzer an Essentzer war. Zu sengen beschten ZĂ€iten hunn hei bis zu 25.000- 30.000 Leit gelieft.
Wat haut nach vun der Stad besteet sinn Griewer mat fantasteschen Fassaden. D’NabatĂ«er hunn hier Verstuerwen hei begruewen. An den Fassaden fĂ«nnt een sĂ€mtlech Stilelementer (byzantinesch, rĂ©imesch griichesch) aus dĂ€r ZĂ€it erĂ«m- en Zeechen dat Si en reegen Handelsaustausch mat aneren Kulturen iwwert d’Joerhonnerten haten.
Am Joer 102 NC ass Petra un d’RĂ©imescht RĂ€ich annexĂ©iert ginn an eng ganz Partie Ruinen sinn aus der RĂ©imerzĂ€it .
Am Joer 551 AC huet en grousst Ăerdbiewen der Stad zougesat an doduerch dat d’Handelsrouten sech ob Palmyra a Syrien verlagert hunn war den Zerfall vun der Stad virprogrammĂ©iert. Ab dem 7 Joerhonnert ass Petra an Vergiessenheet geroden an erĂ©ischt 1812 vun engem Schweitzer (Johannes Burckhardt) erĂ«m entdeckt ginn. Zanter 1985 steet et ob der LĂ«scht vun dem Weltkulturierwen vun der UNESCO an geheiert zanter 2007 zu engem vun den 7 neien Weltwonner.
Fir an d’Stad muss een zefouss duerch den “Siq”, eng Schlucht dĂ©i 1,2 km laang ass an wou d’FielswĂ€nn bis zu 80 m hĂ©ich sinn. Zu 2 SĂ€iten sinn Waasserrinnen gehaen. Petra lĂ€it an dem Wadi Mussa (Schlucht Moses) an war wĂ€it entwĂ©ckelt an punkto Waasser an Aquedukten. Et gĂ«tt gesot dat den Moses hei mam Bengel ob den Buedem geschloen huet an dunn eng Quell erstanen ass – dĂ©iselwecht dĂ©i d’Stad Petra dann mat Waasser versuergt huet.
Um Enn vun der Schlucht gesĂ€it een dann ob Ă©en mol “The Treasury” (Al Khazna). Et ass d’PrunkstĂ©ck vun Petra, ass 40 m hĂ©ich an 28 m breet. D’Fassade ass dekorĂ©iert mat Korinteschen Buschtawen, Fresken an Figuren. An der MĂ«tt ass eng Urne, wou der Legend no engem Pharaoe sĂ€in Schatz verstoppt ass,oder en Geescht dran lieft. Se ass iwwerseit mat AschosslĂ€cher well d’Beduinen drop geschoss hunn fir den Geescht ze verdreiwen.
Geologesch gesinn ass dĂ©i ganz Schlucht aus verschidden Schichten an Faarwen vun Sandsteen – vun Rosa bis Gro -wat en immenst Faarwespill ergĂ«tt.
Den Theater huet 7 Trappen an konnt bis zu maximal 4000 Spectateuren ophuelen. et ass den eenzegen Theater ob der Welt deen komplett an den Steen gehae ass.
D’Kinneklech Griewer bestinn aus 4 imposanten Fassaden.
Den groussen Tempelkomplex ass 7000m2 an huet 15m heich Sailen. En ass em 100 virun Christus vun den NabatĂ«er gebaut ginn an spĂ©ider vun den Reimer “verschĂ©inert” ginn.
D’Kierch ass vum 5 Joerhonnert no Christus an am rĂ©imesch-griicheschen Styl gebaut Et kann een nach en fantasteschen original Mosaik bewonneren. Se ass deels aus Steng vun mĂ©i alen Monumenter gebaut ginn.
Den ganzen Site ass gewalteg. Et brÀicht een sécher 1-2 ganzer Deeg fir alles an Rou ze kucken. Mir hunn nëmmen ronn 4 Stonnen ZÀit an mussen eis ob dat wesentlecht konzentréieren.
Den ganzen Site ass voll Beduinen déi entweder verkafen wëllen oder PÀerd, Kutsch, Iesel oder Dromedaren als Transportmëttel ubidden.
No enger onfrĂ€iwĂ«lleger Renconte vun engem vun eis mat enger PĂ€erdskutsch ( dĂ©i awer nach gutt ausgaangen ass) huelen mer um RĂ©ckwee d’PĂ€erd – soss hĂ€tten mer et ni mĂ©i mat ZĂ€iten ob den Bus gepackt .
Jordanien an Petra sinn Destinatiounen wou et sech séecher lount erëm ze kommen an méi ZÀit ze verbrengen.
Next Etapp: Suez Canal – Egypten
Distanz Aqaba – Suez: 297 SĂ©imeilen