- WC19 – Suez Canal – Egypte
- WC19 – Aqaba – Jordan
- WC19 – Muscat – Oman
- WC19 – Khasab – Oman🐬
- WC19 – Abu Dhabi – UAE
- WC19 – Dubai – United Arabe Emirates (UAE)
- WC19 – Male – Maldives 🏖
- WC19 – Columbo – Sri Lanka
- WC19 – Alldag un Bord 🚢
- WC19 – Port Klang – Malaysia
- WC19 – Singapore
- WC19 – Fremantle + Perth – Australia
- WC19 – Melbourne – Australia
- WC19 – Sydney – Australia
- WC19 – Auckland – New Zealand
- WC19 – Bay of Islands – New Zealand
- WC19 – Lautoka ⛱ – Fiji
- WC19 – Suva – Fiji
- WC19 – Nuku’alofa – Tonga
- WC19 – Apia – Samoa
- WC19 – Datumsgrenz 🕐 oder wou ass dann den 3 Mäerz bliwwen ?
- WC19 – Pago Pago – American Samoa
- WC19 – Bora-Bora 🦈
- WC19 – Moorea 🐠🐚
- WC19 – Papeete – Tahiti
- WC19 – Los Angeles – USA
- WC19 – San Diego – USA
- WC19 – Cabo San Lucas-Mexico🐳🐳
- WC19 – Puerto Vallarta – Mexico
- WC19 – Puerto Quetzal / Guatemala
- WC19 – Corinto /Nicaragua
- WC19 -Puntarenas / Costa Rica💗
- WC19 – Panamakanal – Panama
- WC19 – Cartagena – Columbia
- WC19 – Santa Marta – Columbia
- WC19 – Oranjestad – Aruba
- WC19 – Willemstad – Curaçao
- WC19 – Old San Juan 💕 – Puerto Rico
- WC19 – Charlotte-Amélie – Saint Thomas
- WC19 – Philipsburg – Sint Maarten
- WC19 – Iwert den Atlantik an 5 Deeg
- WC19 – Funchal
- WC19 – Malaga
- WC19 – Barcelona
- WC19 – Marseille
- WC19 – Départ Génua
17.04.2019 – 32°C 🌞
Abu Dahabi ass d’Haaptstad vum Emirat Abu Dhabi. Et ass awer och d’Haaptstad, den politeschen an ekonomeschen Zentrum vun der Federatioun vun den 7 Emiraten déi d’Arabesch Emiraten bilden.
Et ass ähnlech ewéi Dubai eng City déi sech an net emol 100 Joer vum klengen Beduinenduerf bis zur Megametropole entwéckelt huet an wou den Wuesstem – schéngt et – keng Grenzen kennt.
Mir huelen en Taxi vum Zentrum bis an déi grouss Mosche Sheik Zayed. Et ass déi 9. gréissten Moschee ob der Welt an et kennen bis zu 40.000 Gleeweger am groussen Gebietsraum zesummen bieden. D’Fassade vum Gebai ass aus wäissem Marber huet 4 Minaretter vun 107m , 82 Kuppelen an 1048 Kolonnen. Se ass tëschen 1995 an 2007 gebaut ginn vum Sheich Zayed als Symbol vun der Toleranz an Offenheet vun dem Islam.
Den Buedem am bannen Haff an d’Kolonnen sinn mat faarwegen Blummen aus Marber an der Inlay Technik ausgeluecht – iwwerhaapt ass den ganzen Detail einfach nëmmen iwwerwältegend.
Am Gebietsraum leit den gréissten Tapis vun der Welt – ob d’Moss gemaach – entworf vun engem Iraner an vun 1200 Iranerinnen(!) geknäppt. En weit 47 Tonnen an huet ronn 6 Milliounen Euro kascht.
Den Emirates Palace ass en 5 Stären Hotel deen den Sheik Zayed bauen gelooss huet als en Monument dat Traditioun an Modernitéit vereenegen soll. En ass 2005 färdeg ginn an ganz am arabeschen Stil gebaut – en Prunkbau ganz an den Faarwen vum Sand an der Wüste.
Presidential Palace – Palace of the Nation an The founders Memorial – en risegen 3 dimensionalen Relief vum Shaeik Zayed.
Mir ginn ze Fouss (bei 33°C an praller Sonn) bis an en Heritage Village – an stellen fest dat och Abu Dhabi- genau ewéi Dubai keng Stad fir Foussgänger ass. Hei ass en typescht arabescht Beduinenduerf nogebaut.
Duerno huelen mer erëm en Taxi fir an den Louvre Abu Dhabi ze fueren. Deen leit bëssi ausserhalb ob der Insel Saadiyat wou se wëlles hunn eng komplett Musee’s Insel ze bauen. Abu Dhabi wëllt den kulturellen Zentrum vun den Arabeschen Emiraten ginn an Kontrast zum finanziellen Zentrum Dubai.
Den Louvre Abu Dhabi huet en Accord mam Louvre Frankräich fir wärend 10 Joer Konschtwierker geléint ze kréien – bis se hier eegen Kollektioun zesummen hunn an duerfir kritt Frankräich en stattlechen Betrag fir hier Kollektiounen ze komplettéieren. Frankräich huet sech och engagéiert keen weideren Musée ob der gesamter arabescher Hallefinsel opzemaachen.
Et ass en Ensembel vun Gebaier déi mat engem risegen Doum iwwerdeckt sinn. 7850 Stären an 8 Couchen iwwerteneen bilden en Liichtduerchlässegen Daach iwwert den ganzen Komplex deen direkt um Waasser leit. Elleng d’Architektur ass eng Visitt wäert. En ass 2017 fäerdeg ginn an fir den Public opgaangen.
Next Etapp: Khasab – Oman
Distanz Abu Dhabi – Khasab : 153 Séimeilen