- WC19 – Suez Canal – Egypte
- WC19 – Aqaba – Jordan
- WC19 – Muscat – Oman
- WC19 – Khasab – OmanđŹ
- WC19 – Abu Dhabi – UAE
- WC19 – Dubai – United Arabe Emirates (UAE)
- WC19 – Male – Maldives đ
- WC19 – Columbo – Sri Lanka
- WC19 – Alldag un Bord đą
- WC19 – Port Klang – Malaysia
- WC19 – Singapore
- WC19 – Fremantle + Perth – Australia
- WC19 – Melbourne – Australia
- WC19 – Sydney – Australia
- WC19 – Auckland – New Zealand
- WC19 – Bay of Islands – New Zealand
- WC19 – Lautoka â± – Fiji
- WC19 – Suva – Fiji
- WC19 – Nuku’alofa – Tonga
- WC19 – Apia – Samoa
- WC19 – Datumsgrenz đ oder wou ass dann den 3 MĂ€erz bliwwen ?
- WC19 – Pago Pago – American Samoa
- WC19 – Bora-Bora đŠ
- WC19 – Moorea đ đ
- WC19 – Papeete – Tahiti
- WC19 – Los Angeles – USA
- WC19 – San Diego – USA
- WC19 – Cabo San Lucas-Mexicođłđł
- WC19 – Puerto Vallarta – Mexico
- WC19 – Puerto Quetzal / Guatemala
- WC19 – Corinto /Nicaragua
- WC19 -Puntarenas / Costa Ricađ
- WC19 – Panamakanal – Panama
- WC19 – Cartagena – Columbia
- WC19 – Santa Marta – Columbia
- WC19 – Oranjestad – Aruba
- WC19 – Willemstad – Curaçao
- WC19 – Old San Juan đ – Puerto Rico
- WC19 – Charlotte-AmĂ©lie – Saint Thomas
- WC19 – Philipsburg – Sint Maarten
- WC19 – Iwert den Atlantik an 5 Deeg
- WC19 – Funchal
- WC19 – Malaga
- WC19 – Barcelona
- WC19 – Marseille
- WC19 – DĂ©part GĂ©nua
03.04.2019 – 33°C ââ ï»ż
Malaysien besteet aus 2 Deeler- een Deel lÀit um Festland ënnert Thailand an den 2. Deel leit am Norden vun der Insel Borneo.
Mir leien zu Port Klang am Hafen – an zu Port Klang gĂ«tt et och soss nĂ€ischt – et ass nĂ«mmen en groussen Hafen. Kuala Lumpur ass ronn 60 km wĂ€it ewech.
Mir huelen 2 Taxi’en fir den Dag an loossen eis als Ă©ischt an d’Batu Caves fĂ©ieren dĂ©i nördlech vun Kuala Lumpur leien. No ronn 1,5 Stonnen Faart mat vill Stau kommen an schrecklechem VerkĂ©ier kommen mer endlech un.
Batu Caves sinn Hielen an engem Kalekbierg wou zanter 1891 en Hinduisteschen Tempel dran ass. D’Haapthiele ass 100 m laang, 30m breet an ronn 100m hĂ©ich. Den Tempel deen dem Krichsgott Murugan geweit ass, ass den grĂ©issten Tempel ausserhalb vun Indien. D’Statue vun Murugan ass ronn 42,7m hĂ©ich an dĂ©i grĂ©issten vun der Welt (vun dĂ«sem Gott).
đ” Um Site vum Tempel lieft eng grouss Makkakenkolonie – se loossen sech vun den Touristen fidderen an sinn als “Killeraffen” bekannt. Se sinn zimlech opdrĂ€nglech an terribel schnell – klauen alles, vun den BrĂ«ller iwwert Kamera an Handy’en wann een net ob Zack ass. Et ass natierlech awer immens flott hinnen nozekucken an zemools dĂ©i kleng Afen hunn eis et ugedoen.
Duerno fueren mer weider ob Kuala Lumpur – d’finanziell Haaptstad vun Malaysien. DĂ©i nĂ©i administrative Haaptstad heescht Putrajava an leit ronn 20km vun Kuala Lumpur ewech.
DĂ©i bekanntsten Sehenswierdegkeet vun Malaysien sinn d’Petronas Towers – ronn 452m hĂ©ich an domadder dĂ©i hĂ©chsten Zwillingstierm vun der Welt.
Mir klammen ob den Menara Kuala Lumpur och KL Tower an hunn eng super Vue iwwert d’Skyline vun den HĂ©ichhaiser.
Duerno fueren mer bei den Kinnekspalast. Malaysien ass dĂ©i eenzegsten konstitutionellen Monarchien dĂ©i hiren Kinnek all 5 Joer wielt – an dat aus den Trounfolger vun den 9 Malayseschen Staaten.
Um RĂ©ckwee ob Port Klang kreien mer en krĂ€ftegt Monsundonnerwieder mat iwwerschwemmten Stroossen – an dat an eisem altesrschwachen Taxi…et ass eis zĂ€itweileg net mĂ©i egal.đ±
Eisen Taxischauffer hĂ€lt awer drop eis nach dĂ©i Blo Moschee vun Shah Alam ze weisen – Mosque Sultan Salahuddin Abdul Aziz. Nodeems mer alleguerten den Islameschen VirschrĂ«ften gerecht agekleet sinn, huet en Guide eis ob eng kuerz Visitt duerch d’Moschee matgeholl. D’Moschee steet ob engem 16Hektar groussen Areal an huet gewalteg Ausmoossen.
Fir d’Freides Gebiet kommen hei bis zu 25.000 Leit zesummen.
Elo muss eisen Chauffeur fatzeg Gas ginn – obwuel d’Wiederkonditiounen sech nach net gebessert hunn -an mir kommen genau 5 Minutten virun der ZĂ€it um SchĂ«ff un.
Next Etapp: Phuket/Thailand
Distanz Port Klang – Phuket : 345 SĂ©imeilen