- WC19 – Suez Canal – Egypte
- WC19 – Aqaba – Jordan
- WC19 – Muscat – Oman
- WC19 – Khasab – Oman🐬
- WC19 – Abu Dhabi – UAE
- WC19 – Dubai – United Arabe Emirates (UAE)
- WC19 – Male – Maldives 🏖
- WC19 – Columbo – Sri Lanka
- WC19 – Alldag un Bord 🚢
- WC19 – Port Klang – Malaysia
- WC19 – Singapore
- WC19 – Fremantle + Perth – Australia
- WC19 – Melbourne – Australia
- WC19 – Sydney – Australia
- WC19 – Auckland – New Zealand
- WC19 – Bay of Islands – New Zealand
- WC19 – Lautoka ⛱ – Fiji
- WC19 – Suva – Fiji
- WC19 – Nuku’alofa – Tonga
- WC19 – Apia – Samoa
- WC19 – Datumsgrenz 🕐 oder wou ass dann den 3 Mäerz bliwwen ?
- WC19 – Pago Pago – American Samoa
- WC19 – Bora-Bora 🦈
- WC19 – Moorea 🐠🐚
- WC19 – Papeete – Tahiti
- WC19 – Los Angeles – USA
- WC19 – San Diego – USA
- WC19 – Cabo San Lucas-Mexico🐳🐳
- WC19 – Puerto Vallarta – Mexico
- WC19 – Puerto Quetzal / Guatemala
- WC19 – Corinto /Nicaragua
- WC19 -Puntarenas / Costa Rica💗
- WC19 – Panamakanal – Panama
- WC19 – Cartagena – Columbia
- WC19 – Santa Marta – Columbia
- WC19 – Oranjestad – Aruba
- WC19 – Willemstad – Curaçao
- WC19 – Old San Juan 💕 – Puerto Rico
- WC19 – Charlotte-Amélie – Saint Thomas
- WC19 – Philipsburg – Sint Maarten
- WC19 – Iwert den Atlantik an 5 Deeg
- WC19 – Funchal
- WC19 – Malaga
- WC19 – Barcelona
- WC19 – Marseille
- WC19 – Départ Génua
05.02.2019 – 14°C ☔
San Diego ass bekannt duerch säin natierlech geschützten Hafen an hei ass déi gréissten amerikanesch Militärbasis. Am Hafen wimmelt et vun Krichsschëffer ab direkt nieft eis um Quai leit en groussen Flugzeugträger – d’ USS Midway.
Dësen war vun 1945 – 1992 am Asaz an ass haut en Musée. Méi ewéi 200.000 Zaldoten hunn drop gedéngt an haut sinn et d’Veteranen déi hie Erfarungen un d’Touristen weiderginn. Ob engem moosstafgerechten Modell mat Magnéiten ginn d’Positiounen vunn den Fligeren um Fluchdeck an och ënnert dem Deck simuléiert fir den Trafic ze optimiséieren. Dës Method gett haut nach geholl , wëll en “Bluescreen” an enger Krichssituatioun kennt een sech net erlaben- kruten mer erkläert. Bannen 10 Sekonnen kann en Fliger vun ënnert Deck erop ob d’Startbunn geholl ginn.
Mir maachen den historeschen Deel vun San Diego Moies frei ze Fouss-
-an Mëttes entdecken mer d’Stad mam Vëlo mat engem Guide – mir sinn nëmmen zu 7 – sou dat et eng Flott Excursioun ass wou mer vill gewuer ginn iwwert d’Stad.
San Diego ass no New York an San Francisco déi drett deierst Stad vun Amerika, an d’Immobiliëpräisser iwwertreffen nach déi vun Lëtzebuerg. Dëst kennt virun allem doduerch dat sech ganz vill Biotechfirmen hei ugesidelt hunn – déi all no beim wëllen Siliconvalley sinn.
Um Hafen steet eng iwwerdimensional Statue vun der berühmter Photo vum V-J Day zu New York 1945. Dës Statue ass den original deen fir New York geduecht war- awer d’Leit vun San Diego wollten se onbedéngt hunn well ganz vill Militärleit hei liewen an hunn se per Spendenaktioun finanzéiert. Den Zaldot deen deemools spontan eng Krankenschwester gekësst huet ass iwwregens dës Woch am Alter vun 95 Joer gestuerwen.
Hei zu San Diego ass dann och en(t) vum Personal wat sech ofsetzt an net méi un Bord kennt – wat als Konsequenz huet dat den gesamten Staff vum Schëff an kengem amerikaneschen Hafen méi däerf vun Bord goen – d’amerikanesch Immigratioun ass hemmungslos 🙄 – dat sinn ganz batter 3 Wochen fir se alleguerten – an se zielen d’Deeg bis Tahiti wou se erëm däerfen un Land goen.
Den Kapitän ass genial an probéiert mat Fester an Feieren an Poolpartien fir se bei der Staang ze halen – ma et mierkt een awer dat den Frust ganz grouss ass – wëll och Si hunn sech ob San Francisco an Hawaii gefreet..
😏
Nächst Etapp : Los Angeles /USA
Distanz San Diego – Los Angeles : 86 Séimeilen