24.01.2019 – 34 °
Carthagena de Indias ass 1533 gegrënnt ginn an war en wichtegen Hafen vun den Spuenier vir d’Gold vun den Inka’en heemzeschécken an och en groussen Emschlaghafen fir d’Sklaven déi se aus Afrika matbruecht hunn an ganz Süd-an Mëttelamerika ze verkafen. Haut ass et eng modern Milliounestad.
D’Festung an d’Alstad gehéieren zum Unesco Worldheritage. Et ass eng wonnerschéin kolonial Stad mat 2 Stéckegen Haiser an Balconen – woubäi den Balcon ëmmer en Status vun Wuelstand an der Kolonialarchitektur ass.
Den Stadkär huet ganz vill Charme mat flotten Butteker an Restauranten – eng Platz wou mer gären nach méi laang bliwwen wären.
En aneren Staddeel ass GETSEMANI. Des war zanter éiweg den Staddeel vun den Einheimeschen mat klengen 1 stéckegen Haiser an ass haut bekannt duerch seng faarweg Muarales. Leider ass den Staddeel elo esou hip an touristesch ginn dat d’Immobiliëpräisser esou an d’Luucht goungen dat déi Einheimesch et net méi bezuelen kennen an grouss Internationalen ufänken alles opzekafen.
Mam Taxi fueren mer zeréck an den Hafen – wou um Cruiseship Terminal eng Volière ass mat einheimeschen Vullen – d’Afen an Papageien awer fräi sinn.
Am Sonnenënnergang verloossen mer Cartagena fir déi nächst Aventure – den Panamakanal (Cristobal/Colon)
Distanz Cartagena – Cristobal/Colon: 276 Séimeilen