- WC19 – Suez Canal – Egypte
- WC19 – Aqaba – Jordan
- WC19 – Muscat – Oman
- WC19 – Khasab – Oman🐬
- WC19 – Abu Dhabi – UAE
- WC19 – Dubai – United Arabe Emirates (UAE)
- WC19 – Male – Maldives 🏖
- WC19 – Columbo – Sri Lanka
- WC19 – Alldag un Bord 🚢
- WC19 – Port Klang – Malaysia
- WC19 – Singapore
- WC19 – Fremantle + Perth – Australia
- WC19 – Melbourne – Australia
- WC19 – Sydney – Australia
- WC19 – Auckland – New Zealand
- WC19 – Bay of Islands – New Zealand
- WC19 – Lautoka ⛱ – Fiji
- WC19 – Suva – Fiji
- WC19 – Nuku’alofa – Tonga
- WC19 – Apia – Samoa
- WC19 – Datumsgrenz 🕐 oder wou ass dann den 3 Mäerz bliwwen ?
- WC19 – Pago Pago – American Samoa
- WC19 – Bora-Bora 🦈
- WC19 – Moorea 🐠🐚
- WC19 – Papeete – Tahiti
- WC19 – Los Angeles – USA
- WC19 – San Diego – USA
- WC19 – Cabo San Lucas-Mexico🐳🐳
- WC19 – Puerto Vallarta – Mexico
- WC19 – Puerto Quetzal / Guatemala
- WC19 – Corinto /Nicaragua
- WC19 -Puntarenas / Costa Rica💗
- WC19 – Panamakanal – Panama
- WC19 – Cartagena – Columbia
- WC19 – Santa Marta – Columbia
- WC19 – Oranjestad – Aruba
- WC19 – Willemstad – Curaçao
- WC19 – Old San Juan 💕 – Puerto Rico
- WC19 – Charlotte-Amélie – Saint Thomas
- WC19 – Philipsburg – Sint Maarten
- WC19 – Iwert den Atlantik an 5 Deeg
- WC19 – Funchal
- WC19 – Malaga
- WC19 – Barcelona
- WC19 – Marseille
- WC19 – Départ Génua
08.03.2019 – 30°C ☔+🌞
Fiji ass en Archipel vun 332 Inselen an 522 klengen Inselcher . 162 sinn dovunner bewunnt an 2/3 vun den Awunner vun Fiji wunnen ob der Haaptinsel – Viti Levu – un der Küste. D’Hannerland vun den groussen Inselen ass mat Biergen an d’Reebësch net bewunnbar.Déi kleng Inselen ronderëm sinn beléiften Touristendestinatiounen an oft ass nëmmen een Hotel oder Ressort ob enger Insel mat fantasteschem wäissen Strand an bloen Mier.
💀💀 Bis 1830 déi éischt Missionaren ob Fiji koumen war den Kannibalismus wäit verbreet ob den Inselen. Den bekanntsten Kannibal war den Chef Udre Udre deen den Weltrekord hält – en huet tëschen 872 an 999 Mënschen giess an fir all Affer en Steen gehalen- déi Steng leien haut nach ob sengem Graf. 💀💀
Eis éischt Statioun ob Fiji ass Suva d’Haaptstad. Fiji ass och als Zockerinsel bekannt an ob d’Plantatiounen hunn haaptsächlech Inder geschafft – wat dann och en Undeel vun 30% Inder an der Populatioun erkläert.
Moies ginn mir vun der Polizeimusek vun Fiji empfaangen:
Niewent eis am Hafen luet en decken Fëschkutter säin Thon aus – Container fir Container gëtt gefëllt an weider an d’Welt geschëfft .
Den Maart zu Suva weist d’Villfalt vun den lokalen Produkter an ass herrlech quiseleg an faarweg.
Kava ass eng Zort Nationalgedrenks wat bei Zeremonien awer och am Alldag gedronk gëtt an en liicht narkoteschen an halluzinogenen Effekt huet.
Mir huelen den ëffentlechen Bus an fueren an den Colo-I-Suva Forest Park; en Park am Reebësch mat herrlechen Waasserfäll. Den Prënz Harry an seng Fra Meghan hunn d’lescht Joer hei Beem geplanzt.
An well et gefillten 37°C sinn killen mer eis och ënnert engem Waasserfall of.
Owendstëmmung am Stadpark zu Suva
Next Etapp : Lautoka – Fiji
Distanz: Suva – Lautoka: 143 Séimeilen