- WC19 – Suez Canal – Egypte
- WC19 – Aqaba – Jordan
- WC19 – Muscat – Oman
- WC19 – Khasab – Oman🐬
- WC19 – Abu Dhabi – UAE
- WC19 – Dubai – United Arabe Emirates (UAE)
- WC19 – Male – Maldives 🏖
- WC19 – Columbo – Sri Lanka
- WC19 – Alldag un Bord 🚢
- WC19 – Port Klang – Malaysia
- WC19 – Singapore
- WC19 – Fremantle + Perth – Australia
- WC19 – Melbourne – Australia
- WC19 – Sydney – Australia
- WC19 – Auckland – New Zealand
- WC19 – Bay of Islands – New Zealand
- WC19 – Lautoka ⛱ – Fiji
- WC19 – Suva – Fiji
- WC19 – Nuku’alofa – Tonga
- WC19 – Apia – Samoa
- WC19 – Datumsgrenz 🕐 oder wou ass dann den 3 Mäerz bliwwen ?
- WC19 – Pago Pago – American Samoa
- WC19 – Bora-Bora 🦈
- WC19 – Moorea 🐠🐚
- WC19 – Papeete – Tahiti
- WC19 – Los Angeles – USA
- WC19 – San Diego – USA
- WC19 – Cabo San Lucas-Mexico🐳🐳
- WC19 – Puerto Vallarta – Mexico
- WC19 – Puerto Quetzal / Guatemala
- WC19 – Corinto /Nicaragua
- WC19 -Puntarenas / Costa Rica💗
- WC19 – Panamakanal – Panama
- WC19 – Cartagena – Columbia
- WC19 – Santa Marta – Columbia
- WC19 – Oranjestad – Aruba
- WC19 – Willemstad – Curaçao
- WC19 – Old San Juan 💕 – Puerto Rico
- WC19 – Charlotte-Amélie – Saint Thomas
- WC19 – Philipsburg – Sint Maarten
- WC19 – Iwert den Atlantik an 5 Deeg
- WC19 – Funchal
- WC19 – Malaga
- WC19 – Barcelona
- WC19 – Marseille
- WC19 – Départ Génua
09.01.2019 – 🌞 15° C
Malaga ass d’Stad vun den Orangenbeem. An der ganzer Stad richt et no Zitrusfriichten. D’Vegetatioun ass mediterran mat villen Zorten Palmen , Ficusen an Kaktussen.
Wärend eiser Visitt waren se derbäi d’Orangen ze “plécken”
Malaga huet dann awer och een ganz berühmten Kand- den Pablo Picasso ass hei gebuer.
Iglesia de Santiago Apóstol – Kierch wou den Picasso 1881 gedeeft ginn ass
Den Zentrum vun Malaga huet en typeschen südspueneschen Stil
An der Stad fléien an jäizen honnerten wëllen vun wëllen gréngen Perruchen – en puer sinn ugangs vun hiren Proprietären ausgesat ginn an hunn optimal Konditiounen fonnt fir grouss Kolonien ze grënnen – esou wäit dat et schonn’s eng Plo fir d’Awunner ginn ass.
Eng vun den groussen Attraktiounen vun Malaga ass awer seng Kathedral. –
Catedral de la Encarnación . Den Bau ass no goteschen Pläng am Joer 1528 ugefaangen ginn, ma spéider hunn se dunn am Renaissancestil weidergebaut bis 1782 . Se ass ni ganz fäerdeg ginn – et feelt bis haut een Tuerm.
Maarthalen zu Malaga sinn an dräi Deeler – Uebst an Geméis; Fleesch an Fëschmaart. Schéin faarweg an herrlech frësch.
Mam Bus geet et weider ob d’Festung Gibralfaro fun wou aus een eng fantastesch Vue ob Malaga an den Hafen huet
Duerno flanéieren mir nach en bëssi duerch d’Stad an ginn dann ze Fouss zeréck ob d’Schëff.
Um 22.00h sinn mir duerch d’Strooss vun Gibraltar gefuer an hunn rechts Gibraltar an lenks Tanger an Afrika gesinn, an vum Mettelmier an den Atlantik gewiesselt.
Nächst Etapp : Funchal /Madeira/Portugal
Distanz Malaga -Funchal: 674 Séimeilen – 1 Séidaag