- WC19 – Suez Canal – Egypte
- WC19 – Aqaba – Jordan
- WC19 – Muscat – Oman
- WC19 – Khasab – Oman🐬
- WC19 – Abu Dhabi – UAE
- WC19 – Dubai – United Arabe Emirates (UAE)
- WC19 – Male – Maldives 🏖
- WC19 – Columbo – Sri Lanka
- WC19 – Alldag un Bord 🚢
- WC19 – Port Klang – Malaysia
- WC19 – Singapore
- WC19 – Fremantle + Perth – Australia
- WC19 – Melbourne – Australia
- WC19 – Sydney – Australia
- WC19 – Auckland – New Zealand
- WC19 – Bay of Islands – New Zealand
- WC19 – Lautoka ⛱ – Fiji
- WC19 – Suva – Fiji
- WC19 – Nuku’alofa – Tonga
- WC19 – Apia – Samoa
- WC19 – Datumsgrenz 🕐 oder wou ass dann den 3 Mäerz bliwwen ?
- WC19 – Pago Pago – American Samoa
- WC19 – Bora-Bora 🦈
- WC19 – Moorea 🐠🐚
- WC19 – Papeete – Tahiti
- WC19 – Los Angeles – USA
- WC19 – San Diego – USA
- WC19 – Cabo San Lucas-Mexico🐳🐳
- WC19 – Puerto Vallarta – Mexico
- WC19 – Puerto Quetzal / Guatemala
- WC19 – Corinto /Nicaragua
- WC19 -Puntarenas / Costa Rica💗
- WC19 – Panamakanal – Panama
- WC19 – Cartagena – Columbia
- WC19 – Santa Marta – Columbia
- WC19 – Oranjestad – Aruba
- WC19 – Willemstad – Curaçao
- WC19 – Old San Juan 💕 – Puerto Rico
- WC19 – Charlotte-Amélie – Saint Thomas
- WC19 – Philipsburg – Sint Maarten
- WC19 – Iwert den Atlantik an 5 Deeg
- WC19 – Funchal
- WC19 – Malaga
- WC19 – Barcelona
- WC19 – Marseille
- WC19 – Départ Génua
27.02.2019 – 32°C ⛅
Bora-Bora ass déi geologesch eelsten Insel vun Franséisch Polynesien. Et ass en Vulkankegel mat engem Koralleriff ronderëm.
D’Haaptinsel ass ganz kleng (36 km fir den Tour ronderëm) an ass ëmginn vun sëllechen klengen Inselen – Motu genannt. Ob dësen sinn dann och déi grouss Ressort’en mat hiren flotten Stelzenhaiser déi an der Lagun stinn.
D’Lagun huet nëmmen eng Entrée fir d’Schëffer an Moies frei um 6.00 fueren mir am Sonnenopgank an d’Lagun fir ze ankeren.
Bora-Bora erfëllt wierklech all Klischee vun enger Pazifik Insel . Dat ganzt ass eng Symphonie vun Bloen an Gréngen Téin an einfach nëmmen Schéin.
Mir hunn haut en Ausfluch gebucht fir an der Lagun mat Haien an Rochen ze schnorchelen- an all eis Erwaardungen ginn iwwertraff. D’Waasser huet 28°C . D’Haien an d’Rochen ginn gefiddert an kommen an Massen.
Et ass Adrenalin puer -Mir kreien erkläert dat Schwarzflossen-Riffhaien eigentlech ganz harmlos sinn- et soll een se awer net bedreeën an ze no kommen..an dann schwammen der ob een mol eng 3-4 ronderëm een.
D’Rochen kéint een esou guer upaken- et soll een sech just wäit vum Schwanz ewech halen.
Dësem klengen Fësch sinn mir awer anscheinend ze no komm. Hien gëtt eis däitlech ze verstoen dat mer net wëllkomm sinn- an schéisst esou guer mat Sand ob eis – wahrscheinlech hat hien en Nascht wat en verdeedegt huet.
Mat hiren Pirogen surfen d’Polynesier ob der Well vun eisen Tenderbooter – an fueren esou mat duerch d’ganz Lagun.
An am Sonnenënnergang verloossen mer Bora-Bora – an domat och Franséisch Polynesien – an Richtung Pago-Pago/Samoa américaine.
Distanz Bora-Bora – Pago-Pago : 1106 Séimeilen + 2 Séidéeg